Mediatiounsufro

Fir Konsumenten

Wichteg Informatiounen 

Déi gewielte Sprooch (Lëtzebuergesch) muss während der ganzer Mediatiounsprozedur benotzt ginn.

De Mediateur kann nëmmen agräifen, wa folgend Konditiounen erfëllt sinn:

  • et muss e Konflikt tëschent engem Professionellen aus dem Beräich vun den elektronesche Kommunikatiounsservicer, der Energie (Stroum an/oder Äerdgas) oder de postaleschen Déngschtleeschtungen an engem Konsument existéieren, deen aus engem Kontrakt entstanen ass;

  • de Konsument oder Professionellen, deen eng Mediatiounsufro erareecht, muss am Viraus eng schrëftlech Reklamatioun u säi Vertragspartner adresséiert hunn. Wann dës Reklamatioun no engem raisonnabelen Delai onbeäntwert bliwwen ass, oder d’Äntwert hien net zefridde stellt, kann hien eng Mediatiounsufro areechen;

  • keng geriichtlech Prozedur am Hibléck op deeselwechte Konflikt ass am Gaang oder schonn duerchgefouert ginn;

  • keng Mediatiounsprozedur am Hibléck op deeselwechte Konflikt ass beim ILR am Gaang oder schonn duerchgefouert ginn;

  • keng Prozedur am Hibléck op deeselwechte Konflikt ass bei enger anerer aussergeriichtlecher Entitéit wéi déi vum ILR oder bei engem “Tribunal arbitral” am Gaang oder schonn duerchgefouert ginn.

De Mediateur ass verflicht eng Mediatiounsufro ze refuséieren, wann eng eenzeg vun den uewe genannte Konditiounen net erfëllt ass oder wann hien der Meenung ass, datt de Konflikt besser virun enger geriichtlecher Instanz geregelt kéint ginn. De Refus vun enger Mediatiounsufro gëtt schrëftlech begrënnt.